Gratis verschidde Sportsarten ausprobéieren,an iech teste loosse wéi fit dir sidd: Schreiwt Iech vun elo un an, a verbréngt e flotte sportlechen Dag zu Ettelbréck um Nationale Sportsdag Fit 50 Plus.
An a ronderem d’Sportshal am Deich bidde mir iech méi wéi 20 In- an Outdoor Aktivitéiten un, dat Ganzt natierlech encadréiert vun erfahrenen Traineren.
Mir setzen och gratis Navetten an fir iech bei d’Sportshal ze bréngen a mettes kënnt dir do iessen (payant).
Als Ofschloss vum Dag kënnt dir nach an der Buvette op eisen After Sport Dancing goen.
Méi Infos an de Formulaire fir iech anzeschreiwen mat den Auerzäiten vun de Navetten fannt dir vun haut un iwer Internet um site: ettelbruck.lu
oder loosst iech déi Dokumenter heem mailen oder schécken (Info-Line: 81 91 81 329)
Eenzeg Konditioun fir matzemachen: 50 Joer oder méi hun

Wéini: Samsdeg, den 14. September vun 08:00 bis 18:00 Auer.


Aschreiwung/Inscription: festivites@ettelbruck.lu

 

De Programm wéi och weider Infoen fannt Dir och op Facebook: https://www.facebook.com/events/420638822041912/

oder op www.ettelbruck.lu

 

Cosl
Club Senior Nordstad