Geschichte

Schonn ëmmer gouf et teschend den Turnveräiner an der Nordstad eng gutt Entente

Duerch regelméisseg Zesummenaarbecht, an zesumme kommen op kollegialer Basis, (Dikrech an Ettelbréck ) sinn des Veräiner als grouss Famill zesumme gewuess.

Et louch also op der Hand, dass een des Kollektivaarbescht am Kader vum Nordstad Gedanke festegen misst. Dëst a Form vun enger Fusioun zu enger nach méi grousser a staarker Turnsport-Kraaft am Norden.
Diesbezüglech hunn am Kader vun den 125 järege Gebuertstagsfeierlechketen vum Turnveräin Dikrech déi éischt inoffiziell Gespréicher stattfonnt.
D´Nopeschveräiner vu Colmar Bierg a Bettenduerf hunn och un dësen Treffen deelgeholl.
Sou ass fir déi éischte kéier een eenheetleche Flyer entstane an dem d´ Aktivitéiten vun deene 4 Turnveräiner publizéiert an groussflächeg an der Nordstad Regioun verdeelt goufen.

Säit September 2009 ginn Traininger vun den 2 Grënnungsveräiner gemeinsam organiséiert.
Mam Resultat, dass d´Offer un Turn-Aktiviteiten an de Beräicher vum Konscht a Wettbewerbsturnen souwéi am Fräizäitsport konnten ausgebaut ginn.

Vill nei Memberen an alle Beräicher hun d´Grënnungsveräiner an hirer Zukunftsvisioun ënnerstëtzt fir ee groussen a konkurrenzfäegen Veräin ze schafen dee regional, national an och doriwwer eraus am noen Ausland Erfolleger verzeeche kann.

Dësen Erfolleg kann een zum Deel de verbesserten Trainingsvirraussetzungen vun der neier Turnhaal zu Ettelbréck zouschreiwen. Awer och eng gutt Organisatioun, di verbessert Offer an d´ Ënnerstëtzung vun de Gemengen Ettelbréck an Dikrech hunn e groussen Deel dozou bäigedroen.

Aus dësen Grënn gouf an den Generalversammlungen zu Ettelbréck 12/02/2009 an Dikrech 17/04/2009 den Beschloss zu enger Fusioun geholl. Alleguerten Memberen déi präsent waren hun diesbezüglech hiert Anverständnis ginn.

Zieler vun der Fusioun

Restrukturéierung an Re-Organisatioun

Kloer an strukturéiert Kompetenzopdeelung vun den Kräften (Veräinsfeierung an Kommissioun)
1. Gréisstméiglech Offer un Turnsport Aktivitéiten
2. Effizient Notzung vu Sportinfrastrukturen
3. Gezielt Fuerderung vun Talenter
4. Konkurrenzfähegkeet ausbauen
5. Training professionaliséieren
6. Turnsport erëm zu engem attraktiven Sport maachen

Virdeeler vun der Fusioun

Effizient Notzung vun den Ressourcen (Ressource humaines, Infrastrukturen)

  • Gréisseren politeschen Impakt (ëffentlech Gelder, Sponsoring)
    ● Méi grousst Angebot
    ● Besser Ëffentlechkeetsaarbecht (besser Visibilitéit)
    ● Bessert Angebot (Freizeit an Competitioun)

De Moment turnen ongeféier 260 Kanner a Jugendlecher, aus der Nordstad an Emgéigend an der Turnhal zu Ettelbréck. Ongeféier 300 Fräizäitsportler besichen regelméisseg eis Kueren.
D´Sportveräiner spillen hautdesdaags eng ganz wichteg Roll an der Kanner a Jugendaarbecht a bidden doriwwer eraus Aktivitéiten fir de kierperlechen Ausgläich vun den gestressten Erwuessenen. Sie stellen esou een net onwiesentlechen Wäert fir eis Gesellschaft a fir d´Gesondheet vun den Bierger duer. Zoudem sinn si et dawert ënnerstëtzt ze ginn.
Am Sënn vun enger besserer Konkurrenzfäegkeet an enger nach besserer Offer u Fräizäitsportméiglechkeeten, sinn d´Grënungsveräiner bereet hier Kräften fir eng gutt Jugendaarbecht a sënnvoll Fräizäitaktivitéiten anzesetzen. Fir des Aufgab ze bewältegen, brauche si awer och d´Ënnerstëtzung vun de Gemengen a vum Sportsministère.
Mat der Fusioun wollten Turnveräiner een éischte Schrëtt maachen, awer och en Zeechen setzen fir eng regional Zesummenaarbecht.
D´Grënungsveräiner Ettelbréck an Dikrech verstäerken hier Dialogbereetschaft fir d´Integratioun vun der Turnveräiner Colmar-Berg and Bettenduerf am neien “Turnveräin Nordstad.”