News

38e Coupe de Diekirch (Coupe Léon Keipes)


http://www.nordstad-turnverain.lu/wp-content/uploads/2017/10/IMG-20171015-WA0013-1170x750.jpg

Den 15. Oktober huet zu Dikrech déi 38st Coupe Dikrech (Coupe Léon Keipes) stattfonnt. Mat der dobäi waren 5 Equipe bei de Jongen (Minis) souwéi 15 Equipe bei de Meedercher (Minis).

Och wann eis Jongen hir Victoire vun de leschte Joëren net méi ereeche konnten an “nëmmen” déi 4. Plaz erreecht hunn, sou hunn si awer ee gudde Concours gewisen. Virun allem eis jonk Turner, déi fir déi éischte kéier dobäi waren hunn hir Saach gutt gemach an ee konzentréierte Concours op deenen dräi Geräter Buedem, Barren a Sprong gewisen.

 

Bei de Meedercher waren sechs Equipe vum NTV mat um Plateau. Wéi och bei de Jongen war bei de Meedercher eng grouss Partie dobäi déi hiren éischte Concours geturnt hunn. Um Schluss konnten sech eis Meedercher an der Equipe géint Union Dudelange a géint Le Réveil Bettembourg duerchsetzen an hunn dommader déi éischte Plaz errecht. Och am eenzelnen konnt Liah Philippe Vilaverde eng super 2. Plaz erausturnen, sou wéi d Anne Conter eng gutt 4. plaz vun 67 Turnerinnen.

 

Félicitatioun un all TurnerInnen an TrainerInnen a weiderhinn vill Erfolleg.

 

Außerdeem ee grousse Merci un all eis Supporteren a Benevolen déi eis TurnernInnen an allen Hisiichten ënnersetzt hunn.