News

39. Coupe de Diekirch/Coupe Léon Keipes


http://www.nordstad-turnverain.lu/wp-content/uploads/2018/11/IMG_20181111_172702_989-1170x750.jpg

De Sonnden huet zu Dikrech déi 39. Editioun vun der « Coupe de Diekrich » stattfonnt. Dobäi waren et dëst Joër net manner wéi 32 Equippen déi sech fir dëse Concours ageschriwwen hunn an domadder sou vill wéi nach nie. Geturnt gouf bei Jongen a Meedercher op Barren, Buedem a Sprong.

 

Bei de Meedercher konnt an der Equipe d’Coupe un den « Nordstad-Turnveräin » goen, deen no engem éischte Feeler vum Büro fir d’éischt op enger 2. Plaz, dunn awer um Enn awer op der 1. Plaz konnt landen. Plaz 2 an 3 geet un de « Le Revéil Beetebuerg » an un den Diddelenger Turnveräin.

Och am Eenzelklassement waren et zwee Turnerinnen déi fir mat dobäi waren an zwar ass eng 3. Plaz un d’Janis Petry an eng 2. d’Plaz un d’Ylenia Flor gaangen.

 

Bei de Jongen ware 15 Equipe mat um Plateu woubäi d’Jongen vum NTV eng 7. an eng 13. Plaz konnten erausturnen.

Beschten Turner war de Jules Besenius mat enger 9. Plaz bei 65 Turner.

 

Mir gratuléieren all den TrainerInnen an TurnerInnen a w¨nsche weiderhi vill Erfolleg.