News

Eng erfollegräich Qulificatioun


https://nordstad-turnverain.lu/wp-content/uploads/2018/01/maxresdefault-1170x720.jpg

Eng erfollegräich Qualificatioun

Déi lescht zwee Weekender (13+20. Januar) stoung beim Nordstad-Turnveräin virun allem een Event am Fokus an zwar d Qualifikatioun vun der Coupe du Luxembourg. Souwuel bei de Junior a Juniorinnen wéi och bei eisen Dammen.

 

Volet masculin

Mat um Start waren zwou Equipen bei de Jongen. Den Ufank huet missen déi éischt Equipe bei de Juniore machen. Konkurrente waren Turner aus Woltz, Eiter, Déifferdeng a Schëffléng. D Jongen konnte bis op verschidde kleng Feeler ee ganz proppere Concours duerchturnen a sech um Schluss als Zweeten hanner Eiter, mat nëmmen 2 Punkten Ënnerscheed, duerschetzen a stinn domadder an der Hallefinal vun der Coupe.

Och déi Zweet Equipe konnt sech weise lossen an huet misse géint Turner vu Rëmmeleng, Nidderkuer, Eiter 2, Beetebuerg a Bieles untrieden. Och wann se um Buedem eng ganz Partie Punkten hu misse verschenken, sou konnten se sech um Schluss awer als Véierten fir d Coupe de Consolation qualifizéieren. Dobäi soll gesot sinn, dass den Ofstand bis op déi zweet Plaz nëmme bei 1,7 Punkte loung.

Nom éischten Duerchgang stinn eis Jonge vun der éischter Equipe, de Punkten no, op der 2. Plaz am Gesamt, woubäi dëst sech an der Hallefinall ëmmer séier ännere kann. Domadder heescht et lo fir déi éischt Equipe awer nach eng kéier Zesummerappen fir eng schwéier Hallefinall, wou et géint Beetebuerg, Bieles an Déifferdéng geet.

Volet féminin

Wéi d Jonge hunn och eis jonk Meedercher sech an der Quali beweisen. Dobäi waren net manner wéi 13 Equipe pro Rotatioun am Asaz, déi sech aus dem ganze Land zesumme fonnt hunn. Och hei konnten d Meedercher sech, och virun allem durch ouni gréißer Feeler op der Putter, géint hir Konkurentinnen duerchsetzen a phänomenal 314 Punkten rausturnen a stinn soumadder an der Hallefinall.

Och déi zweet Equipe vun de Juniorinnen hat et net einfach. Och si hu sech missen géint 12 weider Turnerinnen beweisen, wat hinnen mat enger gudder 3. Plaz an 299 Punkten och gelongen ass. Well awer keng zwou Equipe vun engem Veräin an der Hallefinall däerfe vertruede sinn, stinn si domadder an der Coupe de Consolation.

Bei eise Seniorinngen stoungen 9 Veräiner an der Qualifikatioun. Virun allem op der Putter konnten si sech als beschte Veräin beweisen an zum Schluss als 4. mat 307 Punkten an d Halleffinall anzéien, wou se lo nach eng Schëpp kënnen drop leeën.

Mir gratuiléieren allen Turner an Turnerinnen souwéi Trainer an Trainerinnen a drécke fest Daumen fir d Hallefinall.