Compétitiounssport-Konschtturnen
Nierft dem Loisirbesteeteen zentralen Pilliet vum Nordstad Turnveräin um Turnen respektiv um Konschtturnen. Vun Hochstänn, Saltoen, Flick-Flacken bis hinn iwwer Schrauwen a weideren akrobateschen Elementer bidde mir verschidden Trainingseenheete fir grouss a kleng un, siff dat fir Meedercher oder fir Jongen.
Minis: 5-9 Joer/ Juniors: 9-14 Joer/Seniors: ab 14 Joer
Wéini a wéivill Training dobäi um Programm steet, hängt vun den verschiddene Kategorien of (débutant, moyen, avancé, artistique).


Mamans et Bébes(2 bis 4 Joer)
„Hopp an iwwertPutter !!“Nëtnëmmen d Kanner si gefrotmee och d Elteren musse mat machen. 1-2 mol d Woch kommen och déi Klengsten op hir Käschten. Bis +- 4 Joër geet et, zesumme mat den Elteren, iwwert d`Putter, de Barren oder mat Koplabunzen iwwert d`Matratzen. Duerch Spill a Spaß sollen Basis oflef geléiert ginn an zur motorescher Entwécklung beidroën, déi net nëmmefir Turnen mee vir d ganz Liewen vu besonneger Bedeitung ass.
Trainerin :Mariza Lopez, Mica Palermo
Dauer : 1x 1 Stonn
Jeux mixtes 4-5 Joër (4 bis 5 Joer)
„1,2,3 lass!!“ Op spilleresch Aart a Weis kréie Kanner zwee mol d’Wochënnert der Leedung vum Tom Keipes a Stéphanie Teixeira Turnen méi nobruecht. Zil ass et durch Spaß, Motorik, Koordination, Kraft an Ausdauer méi nozebréngen an se duerch kléng Parkueren a Spiller op weider turneresch Elementer ze préparéieren.
Trainer :Lisa Bastos an Nina Schagen
Dauer : 1x 1 Stonn
Minis masculins (5 – 8 Joer)
„An 10 mol Pompellen!!“ 2 mold’ Wochd äerfen eis jonk Häeren am Alter vu 6 bis 9 Joër trainéieren. Um Plangsteet de compétitive Sport, wou d Jongen sech op de Geräter Buedem, Barren, Reck, Pauschepäerd, Sprong a Réng kënnen auslierwen. Duerch ee strukturéierten Training sollen nierft dem Léieren vun neien Elementern och Kraft, Koordination, Dehnung an Ausdauer um Programm stoen.
Trainer : Alain Wickler, Christof Theis, Jean-Marie Laubach, Chris Gudden, Marthe Meis
Dauer : 2x 2 Stonnen
Juniors masculins (9-13 Joer)
„Araber Flick-Flack, Salto!!“2-4 mold`Wochsteet bei eisen eelere Jongen, tëscht 9 a 15 Joër, Training op der Lëscht. Duerch ee strukturéierten Trainingsprogramm sollen nierft dem Léiere vun neien Elementern och Kraft, Koordination, Dehnung an Ausdauer um Programm stoen. Zilass d Bedeelegungun nationalen, wéi och internationale Compétitiounen a virun allem och de Spaß um Sport.
Trainer : Christof Theis, Jean-Marie Laubach, Tom Keipes
Dauer :2x 2Stonnen/4x 3 Stonnen
Minis fémininsdébutans (5-8 Joer)
„Hocksprong, Spreizsprong!!“ Et ass nach keeMeeschtervum Himmel gefall. Dës Sectioun ass fir Meedercher tëscht 5 an 9 Joër, déimam Turnen wëllenufänken. An 2 Deegkréien si d Basis vum Turne bäibruecht a gimat Spaß op hire weidereWee am Turnsport préparéiért. Zoudem huelen och si schonn deelweis un nationale Compétitiounen Deel.
Trainerinnen : Paula Barros, Mica Palermo, Sandy Schroeder, Alexandra Turpel, Lyndsay Kelly
Dauer : 2x 2 Stonnen
Minis fémininsmoyens (5 – 8 Joer)
Dëse Kuer ass fir fortgeschratten Turnerinnen, déizweemol an der Wochhir d Kënnenop de verschidde Geräter wéi Buedem, Barren, Sprong a Putter kënnen ënner Beweis stellen. Och si huelen regelméißeg u Compétitiounen Deel a versichensech do mat anerenzemoossen.
Trainerinnen : Michèle Eisen, Claude Schneider, Nora Sinnes, Alexandra Turpel
Dauer : 2x 2 Stonnen
Minis féminsdéb art. (5-8 Joer)
„Haltung!!“Dës sectioun geet virun allem an eng artistesch Richtung. Mat 4 mol 2 Stonnen Training, ginn déijonkMeedercher ab 4 Joërfir d Konschtturnen préparéiert. Dësen Training baséiert virun allem op engem strukturéierten an duerch organiséierten Training deen a Richtung Konschtturnen op engem héichen Nivoopgebautass.
Trainerin : Betty Szylagyi, Lyndsay Kelly, Lisi Graf
Dauer : 4x 2 Stonnen
Minis fémininsartistique (5-8 Joer)
„Araber Flick Flack Schrauf!!“ Mam Betty Szylagyi huet eise Veräin eng professionell Trainerin, déi et eisen Turnerinnen ab engem gewëssen Nivo erméiglecht bis 5 mol d Woch Training ze garantéieren. Nieft den nationalen Compétitioune wéi Landesmeeschterschaften, stinn och international Compétitiounen um Programm. Hei handelt et sech also emeen Nivo, deen iwwertdat «normal » turnen erausgeet, hin zu engem héichen international Skala.
Trainerin : Betty Szylagyi, Lisi Graf
Dauer : 4-5x 3 Stonnen
Juniors fémininsdébutants (9-14 Joer)
Oft kritt ee réich tbësse méi spéit Loscht un enger Sportaart Deel ze huelen. Dës Sectioun bitt Méiglechkeet Meedercher tëscht 10 a 15 Joër mam Turnen unzefänken a lues a lueseen Nivoopzebauen a sech dësem flotte Sport hin zeginn.
Trainer : Charles Staudt
Dauer : 1x 2 Stonnen
Junioresfémininsmoyens (9-14 Joer)
„Araber Flick-Flack!!“ Dës Sectioun erméiglecht fortgeschrattenen Turnerinnen mat engem strukturéierten Training de Spaß um Turnen wéi och Partizipatiounun nationale Compétitiounen.
Trainerinn : Anja Donkels
Dauer : 2x 3 Stonnen
Juniores/Senioresfémavancés (9-14 Joer)
„Iwwerschlag Salto!!“ 3 mol d’Woch däerf en eis Meedercher am Alter vun 9 bis 13 Joër trainéieren. Um Plangsteet de compétitive Sport, wou d Meederchersechop de Geräter Buedem, Barren, Sprong a Putter kënnenauslierwen. Duerch ee strukturéierten Training sollen nierft dem Léieren vun neien Elementern och Kraft, Koordination, Dehnung an Ausdauer um Programm stoen.
Trainerinn : Bea Peffer, Xenia Zuidberg, Tania Pliert, Sandy Piron
Dauer : 3x 3,5 Stonnen
Seniors féminins/masculins (ab 14 Joer)
„Andthewinneris…!!“ Zweemol d Wochhunn d Meedercher a Jongen respektiv Dammen an Hären iwwer 14 Joër d Méiglechkeet fir déiverschidde Compétitounen ze préparéieren. Wéi och an den anere Sectiounen soll duerch e strukturéierten Trainingsprogramm ee permanente Progrès op dene verschiddene Geräter stattfannen.
Trainer : Betty Szylagyi, Bea Peffer, Alain Wickler
Alter : ab 14
Dauer : 2x 2 Stonnen