Gala 2020: Dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin

Dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin!

Ënnert dem Thema „Bicher“ huelen 250 Turner an Turnerinnen iech de 14. a 15. Mäerz mat an dat grousst Buch vum Nordstad-Turnveräin.
Vum Dschungelbuch, Harry Potter, der Herr der Ringe iwwer Kachbicher an de Kloni Klunnes ass fir jiddereen eppes dobäi.

Kommt laanscht a „bliedert“ iech duerch déi verschidde Geschichten a Bicher, déi d’Turner an d’ Turnerinnen op sportlech a fantasievoll Aart a Weis duerstellen.

Wou? Centre Sportif Frankie Hansen
Wéini: Samschdeg, de 14. Mäerz Entrée: 18h00 Ufank: 19h00
Sonndeg de 15. Mäerz Entrée: 13h30 Ufank: 14h30

Präisser
Virverkaf – 10 €
Oweskeess – 12 €
(Kanner ënner 6 Joer inclus si fräi)