News

26.11 Championnat des Vainqueurs


https://www.nordstad-turnverain.lu/wp-content/uploads/2017/11/23915955_1693873590676211_3169911616294766297_n.jpg

De Weekend vum 25. a 26. November waren, nieft der Cup Michel Wanten an der Belge, och zu Lëtzebuerg eis Meedercher am Asaz.

Dat alljährlecht „Chamnpionnat des Vainqueurs“ stoung rem um Plang, dëst Joër bei eisen Turnfrënn vu Woltz. De ganzen Dag iwwer konnte vu Kléng bis Grouss alleguerte  eis Turnerinne weise wat se kënnen a sinn an hire jeweilege Kategorien géint Turnerinne vun Housen a Woltz ugetrueden. Hunn de Sonndemoien nach Minise gewise wat se drop hunn, sou ware Mëttes eis Juniorinnen an d Seniorinnen un der Rei.

Och wann den Nordstad-Turnverain, als gréisste Veräin aus dem Norden, ugetrueden ass, sou hunn eis Turnerinnen net nëmme mat hirer Präsenz konnte punkten mee och mat hiren Übungen.

Mir gratuléieren allen Turnerinnen an Trainerinnen, sou wéi alle Persounen déi de Veräin ënnerstëtzt hunn.