News

Christmas Cup 2017


https://nordstad-turnverain.lu/wp-content/uploads/2017/12/20171210_162630-1170x750.jpg

Den 9. an 10. Dezember huet zu Beetebuerg den internationale Christmas Cup stattfonnt. Nieft Turner aus Portugal, Frankräich, Eisterräich, Monaco, Italien, Holland, Belge a Lëtzebuerg waren och Turner an Turnerinne vum Nordstad-Turnveräin dobäi, sou wéi een Nordstad-Turner dee fir FLGYM geturnt huet.

Am Mëttelpunkt stoung virun allem d Sammele vun Erfarungen an d Moossen um internationalen Niveau.

Samschdes konnten d Meedercher sech géint hir Konkurrentinne beweisen an hu gutt Resultater erausgeturnt. Sou konnt, bei 30. Turnerinnen, d Nanda Simon eng 7. (3. um Sprong), Ella Kneip eng 18. a Leonie Kramer eng 19. Plaz (4. um Barren) ergatteren.

Sonndes sinn d Jongen ugetrueden. Obwuel de Concours bei verschiddenen um éischte Gerät nach liicht Startschwieregkeeten hat, sou konnt sech dat während dem Match awer apendelen. Virun allem de Lohan Da Silva Bausch huet, nieft klenge Feeler, ee ganz gudde Concours geturnt a konnt zum Schluss , bei 20. Turner, eng 3. Plaz erreechen. Déi 1. an 2. Plaz sinn un Turner aus Italien (GAL Lissone) gaangen.

Och wann eis aner Turner et an der grousser Kategorie méi schwéier haten, sou hunn si sech awer net misse verstoppen.

Den Nordstad-Turnveräin huet an der Equipe eng 11. Plaz, erreecht a dermadder 3 Plaze vis-à-vis vum leschte Joer gutt gemaach.

D FLGYMs Equipe, mam Joy Palermo, erreecht zum Schluss déi 5. Plaz.

Gratulatioun un all Turner an Turnerinne souwéi Trainer an Trainerinnen a weiderhi vill Gléck fir Zukunft