News

Cup Michel Wanten


https://www.nordstad-turnverain.lu/wp-content/uploads/2017/11/23843397_10212656175811630_7761683152341039147_n-1-720x750.jpg

Nieft dem Championnat des Vainqueurs, waren de Weekend vum 25/26. eng Partie Medercher op déi international “Coupe Michel Wanten”.

Samsdes hu missen déi grouss ënnert deene klenge Meedercher un den Départ. Am Généralklassement konnten ënner 37 Turnerinnen  och d Meedercher aus der Nordstad gutt Plazen erausturnen, sou beispillsweis:

An der Equipe konnten Meedercher sech dann géint hir Konkurrenten ofsetzen an hunn eng super 2. Plaz hannert dem “Dynamo Rosendaal” erreecht. Um Sprong an um Buedem konnten si als Equipe souguer déi éischt Plaz erausturnen.

Sonndes waren dann déi “Kleng” un der Rei. Am Zentrum vun der Compétitioun stoung virun allem d Sammelen vun Erfahrungen a präzis Ausféierungen, wat och de spezielle Bewertungssystem weist. Sou ginn et bei dene Klenge beispilssweis keng Punkten, mee jugéiert gëtt no “propper a ganz propper”. All Turnerinn huet soumadder no senger Übung gesot kritt wat a wéi een et hätt kinnte besser machen.

Insgesamt war et net nëmmen ee ganz flotte mee och een erfollegräiche Concours fir eis Meedercher, ënnert  der Leedung vum Beata Szilagyi.

 

Mir gratuléieren allen Turnerinnen an Trainerinnen fir hir Leeschtung an e grousse Merci un d Elteren déi hir Meedercher sou ënnerstetz hunn.